Project

CORENA-Network ass en Entwécklungsnetzwierk, dat Forschung, Entwécklung a praktesch Uwendung an der Groussregioun matenee verbanne soll. Zil ass, een an der Regioun national an international eemolegen, kompetitive Cluster z'etabléieren, an zwar am Beräich vun den Naturprodukter an hiren (ënnerschiddlechen) Méiglechkeeten, wéi se an der Praxis agesat kënne ginn.

An dësem Cluster kënne virun allem kleng- a mëttelstänneg Entreprisen op modernst Fuerschung a Fuerschungsequipementer zougräifen. D'Nationalitéit vun den Entreprisë spillt dobäi keng Roll. D'Fuerscher hirersäits kommen duerch esou Entreprisen op nei Iddien a kënnen Approchen ausschaffen, déi d'Innovatiounsfäegkeet vun der ganzer Regioun an deem Fuerschungsberäich staark verbesseren.

Lëtzebuerg ass an deem Netz duerch d'wëssenschaftlech Stëftung fir Leukämie-Fuerschung vertrueden, déi hire Labo am Spidol um Kierchbierg huet.

Mir freeën eis iwwer Ären Interessi un eisem Projet a begréissen Iech ganz häerzlech op eisem Internetsite.

Weider Informatioune kënnt Dir op Franséisch oder Däitsch kréien, leider awer net op Lëtzebuergesch. Mir hoffen op Äert Versteesdemech.

D'Corena-Konsortium